Häerzlech wëllkomm op PC-Lounge.lu - Ärem Forum fir semiprofessionell Berodung
22.05.2012, 16:17

1

23.07.2010, 15:30

Welcome back: PC-Lounge v2

Gidday Community,

mir sinn frou driwwer, Ierch rem an der PC-Lounge begreißen ze kennen. Nodeems eisen Forum während e puer Deeg weinst Wartungsarbeschten net ze erreeschen war, sinn mir elo rem ganz online.

Wei Dir gesidd, huet sech optesch zimlech vill geännert. Mir hun een neien Design, deen als Ziel huet, dem Benotzer eng mei iwwersichtlech Website ze präsenteieren. Mir hoffen, dass desen Layout Ierch gefällt an dass dir gudd domadder eenz gitt.
Desweideren hunn mir elo een Gameserver, op deem zur Zait Counter-Strike Source installeiert ass. Den Status vum Server kennt dir an der Navigatioun bei „Community“ ennert dem Reiter „Server“ agesinn.

Wei Ierch vielleicht och schon opgefall ass, hun mir een News-Ticker op d’Startsait platzeiert, deen Ierch die aktuellst Computer-Nochrichten vum Online-Magazin ComputerBase.de uweist.

Niewebai hun mir eiser Forensoftware nach en Update verpasst; vun der Versioun 3.0.9 geet et op d'Versioun 3.1.2. Den Update brengt eng Rei vun neien Funktiounen mat sech, die Ierch am Laaf vun der Zait hei am Forum opfaalen werten.

Mir hoffen, Dir sidd mat den Ännerungen op eiser Sait zefridden an geifen eis freen, wann dir no enger mei grousser Zait vun Inaktiviteit vum Forum rem geift mei oft laanscht kucken kommen. :)

Greetings,

pcl-Team

Als erleedegt markéieren
Topic bewerten