Häerzlech wëllkomm op PC-Lounge.lu - Ärem Forum fir semiprofessionell Berodung
22.05.2012, 14:34

Kiischti

unregistriert

1

20.10.2011, 16:25

PS3 Nat-Typ: Strikt Fritz-Box 7570

Salut Alleguerten :)

Hoffen et kann een mer hellefen mat mengem Problem. An zwar hun ech säit en puer Joer lo, Tele vun der Post, an dobäi krut ech Fritz-Box 7570 vDSL... Suwäit su gudd. Mäin Haaptproblem as, dat ech leidenschaftlechen Zocker sin :) Am leiwsten CoD. Mee leider hun ech den Nat-Typ 3 also "Strict", waat online spillen su gudd wi onmeiglech mecht. Su baal ech well mat Kolleegen zesummen zocken, kommen ech mat an Lobby an fleien kuerz dono direkt eraus, oder kommen am schlemsten Fall guernet mat eran an Lobby! :@ Lo hun ech schon an sou villen Foren (Forum) gelies, waat ech an sou engem Fall kann maan. Do krut ech proposeiert fir en Update vun der Firmware ze maan, Ports fräi ze schalten, daat entweder duech 1. UPnP, 2. Exposed Host also DMZ (Firewall vum Router deaktiveieren) oder 3. eben Ports manuell fräischalten... Lo hun ech schon wirklech alles probeiert, een nom aaneren, verschiddenes kombineiert... As WIRKLECH NAISCHT wu funtioneieren well, fir dat ech vun Nat-Typ 3 ob Nat-Typ 2 kommen, an ob "Open/Ouvert" ze kommen beim Online zocken.
As vläit een hei an eisem klengen Ländchen wu vläit den selwechten Problem huet wi ech, oder een wu mer do aus der Patsch kann hellefen, an schon Erfahrungen domadder gema huet, an den Problem geleist kritt huet?!?!?

Mat frendlechen Greiss, an villmols Merci schon mol am Virraus!
Kiischti

Als erleedegt markéieren
Topic bewerten