Häerzlech wëllkomm op PC-Lounge.lu - Ärem Forum fir semiprofessionell Berodung
22.05.2012, 14:29

1

19.09.2009, 15:55

problem mam scroller

ech hun en laptop an seit 2 wochen lo schon fenkt en un,wann ech eng internetsait besichen, mae di sait emer mei zou ze maan. also se gett emer mei kleng bis se dann beemol ganz zou geet. Am ufank wua daad just op der facebook sait den fall,mee mettlerweil kent et och schon op aanere seiten vier. Lo wollt ech froen op daat en virus kint sin,oder op et eppes mat der tastatur zedinn huet?

2

19.09.2009, 17:19

Sali,

Zitat

also se gett emer mei kleng bis se dann beemol ganz zou geet.
Et keint sinn, dass du d Seit mat "Control" an "Minus" mei kleng mess. Probeier einfach mol "Control" an "Plus" oder "Control" an "Mausrad rop". Wann dat eppes ännert, dann breng d'Sait rem op dei original Greißt zereck, bzw op dei Greißt, dei dir recht ass.

Falls dat do net klappt, wier et hellefraich wann du eis geifs en Screenshot maachen vun enger Internetsait, bei ders du den Probleem hues, dann kennen mir eis dat besser ukucken. Fir en Screenshot ze maachen, brauchs du just op dei Tast "Druck S-Abf" uewen op der Tastatur ze klicken, an d Bild dono am Paint mat "Control" an "V" anzefügen.

Ech hoffen, ech konnt dir weiderhellefen.

3

20.09.2009, 08:36

villmols merci vier d.eicht mol vier är hellef.

ech kruut och sait lo mei grouss,respektiv mei kleng,mee den problem ass,datt se ennen ufenkt ze verschwannen an dann vun ennen erop emmer mei zou geet. dass ned den kontenu wu mei kleng gett,mee d.Sait selwer.

dml,as besse schweier ze akleren.

4

20.09.2009, 12:26

Zitat

dml,as besse schweier ze akleren.
Dofir wir et am beschten, du geifs eis en Screenshot maachen. :)

5

10.10.2009, 20:29

----UPS!, haat net op den Datum gekuckt. KA wufier d'Forum mer deen Beitrag als "nei" ugin huet ^^ ----


Falls et en Virus wier (wi dain Verdacht jo ze sin schengt -> Kategorie Secherheet) giff en sech entweder melden an der eppes dogeint ubidden oder nach aaner Saachen maachen.
Et muss een bedenken dass bis op e puer Ausnahmen ("4 th3 lolz"-Viren) di eenzeg Viren di een sech ongewollt afaenkt normalerweis vun enger mafia-arteger Band geschriwen gin an direkt monetaer Absiichten hun. Di leschten "nerveg" Viren di mier lo spontan afaalen sin den Sasser an Netsky (wubai Netsky eichter eng Art Anti-Virus waar :P )

Probeier mol en alternativen Browser (Chrome, Safari, Firefox, Konqueror,...) an wann do den Problem net optrett ass et eichter wahrscheinlech dass et mam IE direkt zesummen leit :)
Hues de just 1 Fenster op oder mei wann et geschitt? Wann een en Tab mat javascipt verklaengeren geet gin all di aaner Tabs oft mat verklengert - waat deen Benimm keint erklaeren.
Alternativ schalt mol ActiveX (falls Internet Explorer )an Javascript am Browser aus, dann sollt et nemi optrieden :)
Bitte ein Byte

Ähnlech Topics

Als erleedegt markéieren
Topic bewerten