Wann dir wellt, dann kennt dir fir PC-Lounge.lu News schreiwen. Natierlech gidd dir dofir och 'bezuelt'.
Daat ganzt leeft sou oof:
Wann dir eng News geschriwwen hudd, dann fügt se an d'News Zone an. Do kritt dir dann eng Meldung, dass ären Post vun engem Admin/Mod iwwerpreift gett. Wann d'News dann iwwerpreift gouf, an se eigegermoßen korrekt ass, gett se ugeholl an kuerz drop kritt den Autor vun der News sein Credit am Wärt vun 1.000 Commies iwwerwisen.
Wichteg ze beachten beim Schreiwen vu den News ass:
- Se muss op letzeburgesch geschriwwen sinn
- D'Rechtschreibung an d'Grammatik mussen einegermoßen korrekt sin
- Et ass verbueden, d'News einfach aus dem Daitschen oder aus soss enger Sproch ze iwwersetzen, se muss
an eegenen Wieder geschriwwen ginn
- Et muss eng Quell vun den Informatiounen uginn sin
Ass een oder mei vun desen Punkten net den Fall, bieden mir ierch d'News nach eng Keier ze verbesseren, et sief, et ass nemmen en klengen Feeler dran, dann iwwerhellt d'Team d'Verbesserung.
Mir hoffen, dass deen een oder aneren desen Service unhellt.
UPDATE: Well mir lo eppes am System geänert hun, zielt dest Angebot net mei!