Hallo Pat,
éischtens VILLMOOLS merci fir eng Äntwert! A sorry, dat ech eréischt elo äntweren, mä ech hat geduecht, ech géif per E-Mail bescheed gesot kréien, wann hei een/eent äntwert. Dofir sinn ech net méi sou laang kucke komm!
Also, ech hunn net souvill Anung mam PC... :-/
Dofir weess ech net, ob mäi Lafwierk (kritt am Lëtzebuergesche just een A ;-) )vum Bios erkannt kënnt... Wéi kuckt een dat?
Ech weess net ob s du gesinn hues, dass ech och ee Bild ugehaangen hat a mengem éischte geposte Bäitrag...
2. Ech hunn "Lowerfilters" bei déier Datei do geläscht, "Upperfilters" ware keng am Ordner dran!
Wat kann ech elo nach maachen? Eng Iddi?
Merci nach eng Kéier,
bescht Gréiss!
P.S. Hu Windows 7