Salut alleguer,
ech sinn op desen Forum gefall wei ech no engem SSD gesicht hun als Systemplakk.
Bei Google hun ech puer Infogeschäfter fonnt, déi mer awer meeschtens einfach ze deier sinn.
Normalerweis bestellen ech och am Ausland, mais ech haat schon mei oft d'Situatioun daat ech kuerzfristeg eppes gebraucht hun, an mer et dann awer deier kaafen gaang sin...soit
zou menger Fro:
Weieng Geschäfter ginn et heizuland déi kompetent sinn, an wou d'Praiser net astronomesch héig sinn.
Wou kaaft dir är Komponenten.
merci fir är Aentwerten an ee schéinen Dag gewenscht
B