Häerzlech wëllkomm op PC-Lounge.lu - Ärem Forum fir semiprofessionell Berodung
21.05.2012, 07:38

1

04.05.2011, 21:18

Geet mein Netzdeel nach duer

Ech haat mer iwwerlued fir eng 2. Grafikkaart ze kaafen ( HD 5850). Mais am Moment maan ech ma suergen ob mein "aald" Netztdeel nach duer geet (Enermax pro 82+ II 625W ). Als Prozesser hun ech i5 750 @ 2,8 ghz.

Waat mengt dir?

mfG trimex

PaT

Co-Administrator

Beiträge: 543

Wohnort: Steinheim

Beruf: /

  • Private Nachricht senden

2

04.05.2011, 22:33

Salut trimex,

mengen dass 625 W zwar nach missten duergoen. Wei eng Graafikkaart hues de dann den moment?
Ech geif et mool ausprobeieren, wann et net duergeet, schalt sech den Computer sws vun selwem aus an dann mierks de dass de mei en staarkt Netzdeel brauch. Wann net, haas de Chance an et geet duer ;)

3

05.05.2011, 16:05

Merci villmols schon
Ma am Moment hun ech schon eng HD 5850 daat heescht eng 2. fir Crossfire X

4

05.05.2011, 17:31

Salut trimex,

och wanns de 2 Grafikkaarten am Crossfire laafen hues, misst dain Netzdeel dat nach aushaalen.

D'Leeschtung fir d' HD 5850 lait bei ca 150 Watt, daat wieren 300 W fir d'Grakas an deng CPU brauch och net méi wei maximal 150 W.
Wann een dann nach dei aner Klengegkeeten dobai zielt, geet et awer nach locker duer. (Umierken well ech awer nach, dass et net nemmen op d'Unzuel vun den Watt ukënnt, trotzdem dierft daat an dësem Fall awer kee Problem sinn.)

Dobai ass Enermax och keng "No-Name"-Mark, also ass och Verlos op d'Netzdeel, waat Secherheet ugeet. ;)

5

08.05.2011, 17:45

Salut!

Ech stemen dem Manu voll a ganz zou, hei kuerz na eppes:

Däi System bräuch daat do op enger Betriebslaafzäit vun ca. 5 Joer an mat enger max. Äuslaaschtung vun 90%:

565W (615 Watt max. Äusgangsleeschtung soll d'Netzdeel am Beschten hun)
+3.3V = 6.3A
+5V = 13.6A
+12V (kombinéiert) = 43.8A

Däi Netzdeel leescht daat do:

625W (dovunner 600 Watt op 12V)
+3.3V = 24A
+5V = 24A
+12V (kombinéiert) = 50A

Also wärts de an de nächste Joren kee Problem kréien, wann däi Bild awer engkéier "freezed", dann huet d'Netzdeel op Dauer schon zevill Leeschtung verluer an et wier un der Zäit vir e neit. (Cougar S700 zB ;) ).

Bemierkung: Bei der Rechnung sin 4 USB Geräter, 4 Lüfteren, 2 Hard Disks, 2 RAM Sticks an 2 Laafwierker mat agerechent gin, also kann d'Resultat je no Spezifikatioun vun déngem System ofweichen, mee et as zimmlech genau daat do ;).

mbG,
CRW
CRW - Computers by Robert Weydert
www.crw.lu
info@crw.lu

become a fan on Facebook! :thumbup:

Ähnlech Topics

Als erleedegt markéieren
Topic bewerten