Gäscht mat Schreiwrechter
Mir hun decideiert, dass Gäscht an desem Forum och Schreiwrechter kreien, an deem Senn, dass si en Thread kennen schreiwen, ouni ugemellt ze sinn, mee fir awer eng Äntwert op en Thread ze ginn, bei eis registreiert mussen sinn.
Dat soll an eischter Lin deenen onerfahren Gäscht d’Meiglechkeet bidden, kuerz an liicht eis hieren Problem ze erklären, ouni sech vill mat dem Forum auskennen ze mussen.
Froen-Box op der Startsait
Wei dir bestemmt schon gesinn hudd, hun mir elo eng Box op der Startsait platzeiert, dei et ermeiglecht, ganz liicht eng Fro an d’Forum anzedroen. Dess Box soll och eng Hellef fir onerfahren Leit sinn, damat si net eiweg sichen mussen, fir eis hieren Problem matzedeelen.
Niewend deser Box gesidd dir och nach eng Box mat eisen aktuellen Partneren.
Mir hoffen, dass ierch dess Ännerungen gefaalen an mir wenschen ierch weiderhinn vill Spaß an der PC-Lounge.
EDIT:
Ab elo sinn och sougenannten "Captchas" (Secherheetscoder) fir d'Gäscht do, dei si mussen aginn, befir si en Thread kennen schreiwen. Daat dengt dem Schutz geint Bots an aner Spam-Maschinen.