Häerzlech wëllkomm op PC-Lounge.lu - Ärem Forum fir semiprofessionell Berodung
21.05.2012, 07:30

1

02.12.2009, 02:24

Fritz!Box Fon wlan 7570 vDSL + iphone; W-lan Problem

Salut

Säit ech Tele vun der Post hun hun ech och dei Fritz!Box Fon wlan 7570 vDSL.
Bon, wou dei Häre vun der Post do woren, haate mer och gläich eng W-Lanverbindung mam iPhone probeiert an haat och mat deem Code deen op der Box drop gepescht wor geklappt. No 2 Deeg huet den iPhone dun erem Password gefroot. Hun et agin, mee wollt et net unhuelen...wor dun iwer PC an Astellungen vun der Fritz-Box an hun en aanert Passwort agin...huet och net geklappt. Vun WAP2 op WEP emgeschalt, dun ass et gaangen...awer nemmen 2 Dee, duerno freet den iPhone erem noom Passwort mee obwuel et daat richtecht Password as hellt en et net un...alt erem dei selwecht Prozedur probeiert; vir d'eicht ganz op Secherheet verzicht dun haat ech Kontakt, duerno op WEP mat engem aaneren Password gewiesselt; geet 2 Dee an da freet den iPhone erem Password an aktzepeiert et net.

Firmware vun der FritzBox as um neiste Stand.

PaT

Co-Administrator

Beiträge: 543

Wohnort: Steinheim

Beruf: /

  • Private Nachricht senden

2

03.12.2009, 15:31

Ass dain W-Lan mat engem Mac-Filter ausgerüst?
Probeier vlait iwwerall engkeier fest IP's ze verginn...

3

06.06.2010, 00:38

Ech hun derartegen Voodoo schon mat engem normalen Laptop mat enger Fritzbox erliewt. Den Problem as dei Fritzboxen wellen zevill kennen an hun doweint och onerwartden macken.

irgendwou hues de d'Lescht un Geräter dei vun der Fritzbox eng IP zougedeelt kruten. Spill mol mat deier Lescht ronderem. Gehei entweder emol alles eraus, oder Probeier d'Emstellen vun der Astellung à la "Gerät behält des IP" fir den Antrach vun dengem Iphone.

scheinbar get et och alternativ firmware fir fritzboxen. bei aneren Routeren hun ech domadden gudd erfahrungen gemeet (scheinbar funktioneiert alles emmer besser wann eng community et opensource entweckelt), mee weint der Tele vun der Post wees ech net wei riskant daat as.

wann d'Hoffnung mat der Fritzbox bis ganz fort as, dann kann een nach en klengen bellegen Router mat WLAN kaafen an deen hannert d'Fritzbox ze hänken. hei get et 2 varianten:
* den WLAN-Router just als Access Point notzen (als rengt weiderverdeelen vum Netzwierk per WLAN). vue dass deen sech dann em den WLAN kemmert keint et domadden goen. Astellungsteschnesch muss dofir um WLAN-Router DHCP ausgeschalt gin (an Internet-Verbindungsastellungen besser och ausschalten). Den Kabel zur Fritzbox schleisst een dann un engem vun den 4 normalen prisen um WLAN-Router un.
* den WLAN-Router als Router notzen. (Dann gesait d'Fritzbox just den WLAN-Router an wees vum Iphone naischt). Dest kann neideg gin wann den Problem tescht Fritzbox an Iphone existeiert weint der Art wei d'Fritzbox probeiert Geräter zereck ze erkennen (schliesslech verdeelt d'Frotzbox jo als DHCP all d'IP-Adressen am Netzwierk). Konfiguratioun: beim WLAN-Router den Uschloss huelen wou normalerweis den Modem geif agestach gin, an an der Konfiguratioun vum WLAN-Router den Internet-Zougang emstellen vun PPPoE zu eppes à la "automatic configruation - DHCP" oder "Routing" (hängt stark vum gerät of).

nujee, beid Varianten hun ech elo just iwwerflächlech ugeschwat, do get et nach mei ze betruechten, an et as doweint prinzipiell ze komplizeiert fir een deen sech net souwiesou minimal domadden auskennt.

Eigentlech empfehlen ech sech un d'Post ze wenden.. dei hun den (schlechten?) choix fir d'Frotzbox getraff, dei sollen fir hier entscheedung astoen an sech drems kemmeren. (no deem Voodoo deen ech mat enger Fritzbox schon erliewt hun sin ech definitiv net mei iwwerzegt dovunner)

Ähnlech Topics

Benotzten Tags

Fritz!Box

Als erleedegt markéieren
Topic bewerten