Häerzlech wëllkomm op PC-Lounge.lu - Ärem Forum fir semiprofessionell Berodung
21.05.2012, 07:26

1

11.09.2009, 22:46

Forenupdate

No enger klenger Down-Zait sinn mir elo rem online mat engem Update vun eiser Forensoftware (Woltlab Burning Board) vun der Versioun 2.3.6 op d'Versioun 3.0.9.
Wei dir gesidd, hunn sech verschidden Saachen hei am Forum geännert. Dei greißt Ännerung ass wuel d'Entfernung vum Guthabenhack (Credits). Mir hunn eis dofir entscheed, well:
  1. mir gemierkt hunn, dass dess Funktioun nemmen seelen benotzt gett an soumat net sennvoll bei eis ass an
  2. desen Hack net kompatibel zu eiser neien Forenversioun ass.

Desweideren hunn mir nach eisen Eventkalänner geänndert, soudass een Events lo direkt an deen normalen Kalänner kann androen. Och nach hunn mir eis News Zone (IT-News) lo komplett faale gelos.

Mir hoffen, Ierch gefällt eisen Forum sou wei en lo ass, an mir hoffen och, dass dir net ze vill Problemer mat der Emstellung hudd.

Froen kennt dir an desen Thread schreiwen. Mir wärten Ierch sou schnell wei meiglech eng Äntwert drop ginn.
Falls dir nach deen een oder aneren Feeler am Froum fannt, wieren mir frou, wann dir eis deen och geingt hei matdeelen.

Vill Spaß weiderhinn op PC-Lounge.lu,

Ärt PC-Lounge.lu Team

2

13.09.2009, 20:03

Ech fannen et vill mei komfortabel, vlait och well ech et vum luxforum aus sou gewinnt sin :D
Vlait war ech doweinst net regelmeisseg eran kucken komm, well et mer ennerbewosstlech net sou geschmeideg war.

Also ech fannen et ganz gudd :thumbsup:



Edit: Meng perseinlech meenung, bon daat kennt och vun der gewunecht aus hier, as, dat e "portal" wei beim luxforum geif gudd doen, dann hätt een dei aktuell themen, wou emmer eppes neies geschitt as, direkt beieneen.

Dësen Bäitrag gouf schon 1 mol geännert, fir d'Lescht vum »zzlash« (13.09.2009, 20:09)


3

08.10.2009, 17:55

Et freet eis, wann dei nei Versioun besser ukennt, wei dei aal. :)

Zu dengem Virschlach:

Zitat

Edit: Meng perseinlech meenung, bon daat kennt och vun der gewunecht aus hier, as, dat e "portal" wei beim luxforum geif gudd doen, dann hätt een dei aktuell themen, wou emmer eppes neies geschitt as, direkt beieneen.
Mir haaten eng Zait lang och sou en Portal, mee dunn hu mir et rem rofgeholl, well den Forum ouni Portal mei iwwersichtlech ass fir Leit, dei net vill Erfahrung mat Computer & Internet hunn, deene mir hei jo wellen weiderhellefen. ;)

Als erleedegt markéieren
Topic bewerten