Häerzlech wëllkomm op PC-Lounge.lu - Ärem Forum fir semiprofessionell Berodung
21.05.2012, 07:22

1

02.10.2009, 21:08

fernseh kuken iwert den pc

salut,
hunn do mol eng fro ej well op mengem laptop fernsehprogrammer kuken awa ej hunn keen wireless an keen internet geet dad och anescht an wat breicht ej alles dofir an weivil geif et kaschten ongefeier


merci fir aer aentwerten

willi2412

2

03.10.2009, 10:34

Thread gouf an den Hardware-Beraich gesaat.

Salut, jo et ass meiglech ouni Internet TV-Programmer um Computer ze empfaangen.

Wei empfängs du dann dain TV Signal doheem, per Satellit oder iwwer Kabel?

3

03.10.2009, 17:16

salut
dohem empfaengen ej TV senderen mat sattelit, an och mam kabel

merci willi2412

4

08.10.2009, 18:36

Ok. Du brauchs eng TV-Kaart, deis du an dain PC abaus, an deis de dann per Kabel mam Fernsehuschloss verbends.

Wei genau sou eng TV-Kaart funktioneiert, kanns de hei noliesen: Klick

5

08.10.2009, 19:23

ok dad hescht ej muss dei kart an mein laptop abauen an dann un mein fernseh unhenken nemmen emol an dann kann ej emma an iwerall fern kuken oda muss ej emma mam fernseh an verbindung sinn



merci willi2412

PaT

Co-Administrator

Beiträge: 543

Wohnort: Steinheim

Beruf: /

  • Private Nachricht senden

6

08.10.2009, 19:57

Also sou eng TV-Kaart wei der den Manu elo gewisen huet ass nemen fier dein PC gudd. Fier dein Laptop (du soos io dass de och iwwer Satelit empfängs) brauch de eng Express-Card, ass eigentlech genau daat selwecht... Hei kanns de der d'Saach mool e bessi unkucken
: Klick!

Zitat

Lo hues de suguer och nach eng Alternativ vum Manu dobai ;)

7

08.10.2009, 19:57

Fir den Laptop ass eng Kaart als USB Stick eigentlech besser geegnet wei eng normal Kaart, dei een an den Computer abaut, hei een Stick als Beispill: Klick

Du kanns awer just do TV kucken, wou et och en Satelliten-Uschloss gett, well irgendwou muss d'Signal jo hierkommen. :)

Edit: De PaT war mei schnell. ;) Also et gin lo 2 verschidden Meiglechkeeten, weis du et keins man.

8

08.10.2009, 20:18

ok merci mol fir aer aentwerten an wat ass lo besser mad dem ej keint iwert den kabel an och sattelit kuken


merci

Ähnlech Topics

Benotzten Tags

fernseh, pc, tv

Als erleedegt markéieren
Topic bewerten