Häerzlech wëllkomm op PC-Lounge.lu - Ärem Forum fir semiprofessionell Berodung
21.05.2012, 06:27

1

21.04.2009, 22:13

Alles uklicken? Awer secher!

Main eichten Post am Forum (den Topic am 'Virstellen' well ej lo mol net matrechnen), also net zevill erwaarden :)
Ej stellen hei en Programm fier deen mer schon su munchen Virus gefaang huet an den ComputerSecherheetslächer am Internet-Browser schützt.
Den meechten wärt daat hei iwwerflesseg oder bekannt fierkommen, mais ej probeieren heimat dene Leit di net den Dos besser wi hiere Portemonnaie kennen ze hellefen.

Wei surft een secher am Internet?
Di meechten wärten lo jaizen, "Mat Linux" oder "Mat Mac", mais waat maan dei Leit di net den Aapel um Desch stoen hun oder en Pinguin um Bildschirm?
Natierlech ass "Secher" eng relativ Saach - absolut Secherheet huet een nemmen wann den Stroum rausgezun ass.
Di meechten di e besschen am Internet ronderem geklickt hun sin schon weinstens eng Keier ob eng Sait komm wu den Antivirus gemeckert huet.
Mais ugeholl en hätt den Virus net kannt, waat dann?

Als zousätzlech Secherheet kann een dofier eng sugenannten 'Sandbox' huelen, en Programm deen aaner Software annerhalb vun enger oofgesecherter Emgeigent ausfeiert.
Als Beispill wier lo beim surfen am Internet e Virus op de Computer komm, an probeiert d'Windows-Datei ntoskrnl.exe ze veränneren. Den Sandbox setzt di Datei dann an en speziellen Dossier an erlaabt dem Programm dorunner ze spillen.
Den Virus mengt dann ganz stolz en hätt den Computer kritt - mais an Wieklechkeet just eng Kopie :)
En klengen Graphique deen d'Funktiounsweis demonstreiert

En Programm deen genau di Funktioun huet as fier den privaten Gebrauch als Freeware ze kreien - Sandboxie.

D'Installatioun ass relativ simpel, et download an start een als Administrator (!) d'Datei di een enner KLICK fennt.
Allerdings huet d'Gratisversioun 3 nennenswert Aschränkungen: et kann een net mei wi eng Sandkeschten glaichzaiteg laafen hun (mais awer keng Limit op de Programmer di an enger Sandkescht laafen), di onsecher Programmer gin net automatesch an eng Sandkescht gesaat an en waart 5Sekonnen bei all Start.
Di kommerzill Versioun ass mat 22Euro zwar net iwwermeisseg deier, mais bis elo ass mier d'Gratis emmer duergaang.

Beim eichten Start kann een en no sengen Wensch astellen, di eenzeg Annerung di een um Computer selwer nach fierhuelen muss ass folgend:

Rietsklick op all(!) Shortcut op den Internet Explorer, Firefox, Opera, ... an all aaner oofzesechernd Programmer, an dann den Datei-Pfad folgend upassen:

Quellcode

1
"C:\Program Files\Sandboxie\Start.exe" /box:DefaultBox "C:\Program Files\Mozilla Firefox\firefox.exe"

Den leschten Deel natierlech duerch den richtegen Dateipfad ersetzten.
Wann een elo den Firefox opmescht erkennt een d'Oofsecherung um "[#]" di um Ufank vun all Fensternumm steet.

Mais wi ass et mat Downloads?
Obschon den Sandboxie Dateien di um System geännert gin sin oofsechert erlaabt en natierlech Download. Wann een eng Datei spaichert geet en Menü op deen freet op een d'Datei well
~ op dei Plaatz spaicheren
~ op eng aaner Plaatz spaicheren
~ guer net spaicheren

Wi maachen ej eng Datei 'secher' op?
All Programm kann iwwer Rietsklick->'Run Sandboxed' an den Sandboxie eran gestart gin ouni dass een muss Shortcuts bearbeschten.


Sandboxie ass natierlech net nemmen geint Viren an suspekt Dateien netzlech, mais en helleft och wann een Programmer di mat Werbung (Spyware) ausgeliwwert gin - dei gett och schein braaf an d'Sandkescht gestach an nervt dann net mei :)

Allerdings muss een sech am Kloren sin dass et keng Ultimativ Protectioun ass, eng Firewall, en Antivirus, Spyware-Checker an System-Analyse sin weiderhin Pflicht. Nothing is perfect!

Meng Kombinatioun: (net perfekt mais gratis :D )
~Antivirus: Avira Antivir Personal 9.x (Gratis)
~Firewall: Comodo Firewall Pro (Gratis)
~System-Scanner: Winpatrol Scotty (Gratis)
~Anti-Spy: Spybot Search & Destroy (Gratis)
~Cleaner: EasyCleaner 2 (Gratis)
Fier Analyse: Hijackthis, ActivePorts an ProcessExplorer (Gratis)
Bitte ein Byte

Dësen Bäitrag gouf schon 1 mol geännert, fir d'Lescht vum »d4f« (21.04.2009, 22:31)


PaT

Co-Administrator

Beiträge: 543

Wohnort: Steinheim

Beruf: /

  • Private Nachricht senden

2

21.04.2009, 22:25

Super Thread, helleft bestemmt villen Leit ;)

Beiträge: 29

Wohnort: ze zolwer!

Beruf: en aarmen student.

  • Private Nachricht senden

3

28.04.2009, 09:14

Interessanten read.


Merci!


Laurent.
badabum!

4

15.05.2009, 18:55

jo eng Sandbox alleng geht net dur ! En Password stealer an der sandbox liest trotzdem nach emmer passwirder aus an kann dei och verschecken !
Dat waat 99% seecher as, as eng Virtuel Maschin.

5

11.07.2009, 18:29

Wat as eng Sandbox? As genau dat nemmlecht nemmen das an der virtueller maschine e ganzt betriebssystem emuleiert gett, an de virus den do dran as as genau so schiedlech wei den um richtechen pc, en keylogger an der virtueller maschine klaut do och d passwierder, noob

PaT

Co-Administrator

Beiträge: 543

Wohnort: Steinheim

Beruf: /

  • Private Nachricht senden

6

11.07.2009, 18:54

Merci fier dein Post pk222, mee net direkt beleidegen. Wanns de fenns dass hien en "noob" ass, dann haal daat w.e.g fier dech ;)

7

11.07.2009, 18:56

LoL, sry, sinn nach e bessen an der Welt of Warcraft, do nennt en och emmer jidferen noob. :D

Als erleedegt markéieren
Topic bewerten