Häerzlech wëllkomm op PC-Lounge.lu - Ärem Forum fir semiprofessionell Berodung
21.05.2012, 06:21

1

11.03.2009, 17:44

50€ fir futti's Spiller

Ech "spillen" elo scho mei wei 25 Joer Computerspiller.
Dei lescht Joeren gin emmer mei Spiller op de Maart geworf, dei total verbugt sin an mool nach net aus dem Betastadium eräus sin.
Ech denken do zb un Gothic 3. E regelrechten Hype woor em daat Spill gemaat gin. No 2 weltwäit erfollechräich Virgänger hun d'Entweckler eng Sauerei vu Programm oofgeliwwert. Daat scheinst woor, datt vun offizieller Säit iwwerhaapt keng Patcher mei eräus komm sin an sech eng Fancommunity dru gemaat haat, Patcher ze entweckelen.
Daat as esou wei wann ech e Renault kaafen, dee net richtech funtioneiert an sech dann aaner Renault-Besetzer zesumme setzen a selwer Problemer repareieren.

Daat aktuellt Beispill as Empires:Total War. Hun et geschter mat der Post kritt.
Et leeft nemmen mat STEAM, dee Knascht deen d'User mool net an hirer AGB als Besetzer vun deem Spill deklareiert.
Gescht koum e Patch via STEAM, deen sech automatesch installeiert a säitdeem kann een Empires guer net mei spillen well et crasht esou baal een eng Schlacht ufängt. Do as e Spill futti gepatcht gin. Total War Serie woor bis elo e Mega Hit, sou wei och GTA. GTA4 fir de Computer woor en Desaster an bis haut fennt et Rockstar net neidech, all dei Fehler a Performancebremsen auszemerzen.

Mir als eierlech Keefer gi regelrecht...pardon vir den Ausdrock...verarscht, als Betatester deklasseiert a mat drakonesch Kopeierschutzmoosnahmen, dei souweisou näischt dengen drangsaleiert während sech den Raubkopierer futti iwwert eis laacht.
50€ oder mei fir e Spill as relativ vill Geld an ech iwwerlee mer, ob ech mer iwwerhaapt nach e PC Spill kaafe wärt.

Beiträge: 124

Wohnort: Wormer

Beruf: Marktverkäufer/Schüler

  • Private Nachricht senden

2

11.03.2009, 20:31

25 joar aha!
:D:rolleyes::D

PaT

Co-Administrator

Beiträge: 543

Wohnort: Steinheim

Beruf: /

  • Private Nachricht senden

3

11.03.2009, 20:39

Io Nick hei sin och mei aal Leit wei 20 Joer dran! Mee ech fannen zwar dass du wierklech Recht hues Schredmeier, also mat deenen neien Spiller dei am Moment um Maacht sin kanns de wierklech neischt unfenken! Dofier waarden ech emmer leiwer nach oof bis den 1 Patch eraus ass!

4

11.03.2009, 21:11

Zitat

Originally posted by Nick
25 joar aha!


Salut

Nach nie eppes vun C16, C64 (och nach Broutkescht genannt), Amiga500 asw heieren :]
Deemools hun ech meng "Spiller" nach mat Basic selwer geschriwwen ;)
Wei gesoot ech kreien 42 Joer an mat 13 Joer haat ech meng eicht Broutkescht


Wann e bedenkt wei einfach een d'Leit mat 4 Faarwen a strechmännercher um Bildschirm konnt begeeschteren ;)

5

11.03.2009, 21:17

Zitat

Originally posted by PaT
Io Nick hei sin och mei aal Leit wei 20 Joer dran! Mee ech fannen zwar dass du wierklech Recht hues Schredmeier, also mat deenen neien Spiller dei am Moment um Maacht sin kanns de wierklech neischt unfenken! Dofier waarden ech emmer leiwer nach oof bis den 1 Patch eraus ass!


Salut PaT

Jo bon bei mir woor et bei GTA4 oder Empires esou, datt hier Virgänger nie Problemer haaten an ech geduet hun ech keint bedenkelos zougräifen. Mee Gothic 3 hätt mir deemools schon eng Leier misste sin.
Publisher pushen d'Entweckler einfach zevill an da kommen nemme nach hallef färdesch Spiller op de Marché.
Okey, haut des Daachs geet et net mei duer, fir e puer dausent Basicbefehler anzetippen a färdech woor d'Spill :D
Trotzdeem; d'Entweckler wuesse mat der Technologie mee menger Meenung no denken se dach mei grouss wei se iwwerhaapt kenne realiseieren.

PaT

Co-Administrator

Beiträge: 543

Wohnort: Steinheim

Beruf: /

  • Private Nachricht senden

6

11.03.2009, 22:06

Io also do hues du wierklech Recht. Entweckler probeieren emmer alles, mee net alles kreien se perfekt hin an dei saachen dei dann nach opstinn, bleiwen dann och nach eng zimlech Laang Zeit op (domadder mengen ech elo Bugs etc.)

7

19.03.2009, 19:14

Io, am mom. ass t wierklej schlemm. PC-Versiounen gin op den Maart geheit, bevier se färdej sin; t kann een io nach emmer patchen... Bei Konsolen ass daat net su einfach mam patchen, dofier laafen d Spiller doo och direkt ordentlej. An dann di krass iwwerdeiert Präiser... Am Moment ass et am besten, nom Release en Mount ze waarden an sej dann d'Spillen aus dem UK fier emgerechnet 30 Euro ze kaafen ;)
Bass n bessn ze wäit roofgerutscht... Kuck mi wäit uewn!
Falsch mein Roxxor rulor kiddie, in jedem Spiel gibt es Regel, sogar im sandkasten. bashst du meine sandburg um oder verbuddelst mein liebliegnsbagger wirst umgemoscht.

Als erleedegt markéieren
Topic bewerten